Kooperatioun Lëtzebuerg – Senegal

Zesumme kann e vill méi erreechen: wa mir all eis Kräfte sammelen, kënne mir méi Positives an onsem Ëmfeld, an onsem Land an och op der Welt erreechen. Dofir ënnerstëtzt de lëtzebuerger Kooperatiounsministère Veräiner ( ONGD) finanziell.

Déi bauen a Länner aus dem Süden Partnerschaften op, déi dozou féiere sollen, datt et alle Leit, déi vun de Projete profitéieren e Stéck besser geet wéi virdrun, an datt si sech selwer kënnen hire Liewenswee wielen.

Scoute fir eng Welt

Guiden a Scoute ginn et bal iwwerall op der Welt. Wosst du, dass si an 206 Länner aktiv sinn?

„Guiden a Scouten fir ENG Welt“ heescht d’ONGD vun de lëtzebuerger Scouten, a versicht, a verschiddene Länner, ewéi Bolivien, Niger a Senegal, d’Leit z’ënnerstëtzen.

Am Senegal huet net all Kand d’Méiglechkeet an d’Schoul ze goen, wéi zum Beispill d’Weesekanner, d’Stroossekanner, Kanner mat enger Behënnerung a.s.w.

Fir och hinnen d’Chance ze ginn, liesen, schreiwen a rechnen ze léieren, hunn déi senegalesesch Guiden a Scouten, mat der Ënnerstëtzung vu „Guiden a Scouten fir ENG Welt“, 2010 eng ganz speziell Schoul an d’Liewe geruff.

C.R.E.P.E. heescht dës Struktur a steet fir « Centre de Ressources Educationelles et de Promotion des Enfants ». Dës speziell Schoul ass vun de senegaleseschen a lëtzebuerger Scouten zesummen zu Mboro, während engem Camps-Chantier gebaut ginn.

Ongeféier 200 Schüler kënnen sech do ausrouen, iessen, an eppes fir d’Liewe léieren. Dozou gehéiert och e gréissere Geméisgaart mat engem Héngerstall, deen si selwer betreien. Am Quartier hu si Giedelen oder Pätteren, erwuesse Leit, déi sech verflichten hinnen all mëttes eng Molzecht ze ginn. D’Kanner ginn d’Iesse sichen a bréngen et zeréck an d’Schoul, wou alles gedeelt gëtt. Si kënne sech wäschen an et gëtt gekuckt, dass si bei gudder Gesondheet bleiwen. Spéider kënnen d’Schüler do och  verschidden Handwierker léieren.

Fir d’Fräizäit ass och gesuergt : Fussball, Karate, Konschtatelieren an Theatercoure ginn do ugebueden. Während der Vakanz ginn si och betreit. An zwar organiséiere si Kolonien, wou net nëmmen d’Schüler vum C.R.E.P.E drun deelhuelen, mä 1500 Kanner a Jugendlecher aus der ganzer Géigend, kléng a grouss, aarm a räich. Jidderee kann esou eppes vun deem anere léieren.

Et si Monitricen ewéi d’Nafi Diouf, déi dës Kanner a Jugendlecher betreien.

Mir hunn hatt hei a Lëtzebuerg kennegeléiert. Hatt war während e puer Wochen bei der Ligue HMC, fir eng Formatioun ze maachen. Dat ass eng Struktur zu Capellen, déi Kanner a Jugendlecher mat Behënnerung betreit. Hatt huet sech a kuerzer Zäit gutt agelieft an esouguer eis Sproch e bëssche geléiert. Hatt fënnt et gutt, dass d’lëtzebuerger Scouten an de Senegal ginn, fir eng kuerz Zäit mat hinnen ze liewen, an hatt ass och frou kënnen hei an onsem Land villes z’erliewen a seng Erfahrungen mat ons ze deelen.

Wann dir elo virwëtzeg gi sidd a méi iwwert de Projet wëllt gewuer ginn, da gidd op d‘Internetsäit :
www.ongd-lgs.lu