ikl-interkulturell-Léiere fir e bessert Zesumeliewen-Apprendre à vivre ensemble-Learning to live toghether

Sénégalités – Eng Rees op Djinack Bara fir den 3. a 4. Cycle vun der Grondschoul

D’Adama an de Boubacar wunnen zu Djinack Bara, engem klenge Fëscherduerf am Senegal.

Di zwee Kanner huelen iech mat an hiert Duerf fir iech ze weisen wéi si do liewen. Si erziele vu Schoul a vu Fräizäit, vun allem wat am Alldag wichteg fir si ass…

An dësem neie Workshop fir den 3. an de 4. Cycle vun der Grondschoul, hëlt en Animatiounsvideo d’Schüler mat an d’Duerf Djinack Bara bei d’Adama an de Boubacar. Interaktiv Atelieren erméiglechen de Schüler Themen ewéi Waasser, Gesondheet, Ernierung, Schoul an d’Roll vu Jongen a Meedercher ze verdéiwen.

All Schüler kritt eng Broschür mat Fotoen aus dem Duerf Djinack Bara.

Am November 2018 ass d’ikl-team, mat „Sénégalités“ zu Bouneweg an der Gelléschoul. Wann dir, fir är Schoul, interesséiert sidd um Projet, mellt iech bei eis: ikl@asti.lu

Op eisem Internetsite www.senegalites.lu kënnt Dir, ab November, zousätzlech Informatioune fannen.

„Sénégalités“ ass e Projet vum Ikl, centre d’éducation interculturelle, deen am Kader vun der Sensibiliséierung a Bildung fir Entwécklung ausgeschafft gouf.

A propos de l'auteur