ikl-interkulturell-Léiere fir e bessert Zesumeliewen-Apprendre à vivre ensemble-Learning to live toghether

Sénégalités – Eng Broschür iwwert d’Liewen zu Djinack Bara

Djinack Bara entdecken! E klengt Fëscherduerf am Süde vum Senegal um Atlanteschen Ozean, wou Salz- a Séisswaasser sech matenee vermëschen!

Dës Broschür gëtt en Abléck an d’Themen, déi wichteg si fir d’Bevëlkerung vun Djinack Bara: Waasser, Gesondheet, Ernierung, Schoul, Fräizäit a Fester.

Mat der Ënnerstëtzung vu Pharmaciens sans Frontières, war den ikl wärend 10 Deeg op Besuch zu Djinack Bara, huet bäi hinnen am Duerf gewunnt, dierft mat de Kanner an d’Schoul goen, mat de Leit feieren, a krut en Abléck an hiert Liewen. Dës fantastesch Erfarung huet eis et och erlaabt, en Austausch tëscht den 10-12 järege Schüler vun Djinack Bara an der Grondschoul vun Téiteng an d’Weeër ze leeden an ze begleeden.

Dës Brochür ass en Temoignage dovun.

Zousätzlech goufen Atelieren ausgeschafft, déi de Grondschoulen zu Lëtzebuerg ugebuede ginn. Wann Dir Iech fir „Sénégalités“ interesséiert, mellt Iech bei eis: ikl@asti.lu

Bäi d'Broschür goen

„Sénégalités“ ass e Projet vum Ikl, centre d’éducation interculturelle, deen am Kader vun der Sensibiliséierung a Bildung fir Entwécklung ausgeschafft gouf.

A propos de l'auteur